New Skills for Europe

Eng gutt Educatioun a Formatioun bilden d`Fundament fir an der Aarbechtswelt Fouss ze faassen. Mais Educatioun a Formatioun bedeiten doriwwer eraus nach vill méi: si fërderen déi perséinlech Entwécklung, déi sozial Inclusioun an de sozialen Zesummenhalt. E gläichberechtegten Accès zur Educatioun fir all Bierger an zu all Moment vu sengem Liewen as a bleift fir eis Sozialdemokraten am Europaparlament eng vun de Prioritéiten am Bildungs- a Beschäftegungsberäich. Weider ëffentlech Investissementer an Initiativë sinn noutwendeg fir des Zieler z`erreechen.

Doriwwer eraus, stellt déi rasant technologesch Entwécklung eis national Bildungssystemer virun nei a grouss Erausfuerderungen: souwuel déi digital Grondkenntnisser, wéi och d`Uwendung vu digitalen Technologien op eng innovativ a kreativ Manéier, ginn an der Beruffswelt ëmmer méi gefrot. Fir dass d`Offer an d`Demande um Aarbechtsmarché am Equiliber bleiwen, brauche mir onbedéngt Changementer an weider Investissementer an der Educatioun an an der Formation continue. Sou as et zum Beispill essentiell, dem Léierpersonal an den Acteuren am Bildungswiesen déi richteg Fäegkeeten a Kompetenzen ze vermëttelen. Nëmmen sou kenne sie an all de Bildungsberäicher eng staark pädagogesch Féierung un den Dag leen. Mir mussen och méi Finanzmëttel zur Verfügung stellen, fir déi technologesch Ausstattung an all de Bildungsariichtungen op ee gläichen, héijen Niveau ze brengen.

Haut hunn mir zu Stroossbuerg mat grousser Majoritéit en Initiativbericht ugeholl, deen sech mat der „New Skills Agenda for Europe“ befaasst. Déi nei europäesch Agenda fir Kompetenze gouf vun der Europäescher Kommissioun ausgeschafft an as eng laang erwaarten Initiativ. Hire Schwéierpunkt leit zu Recht dorop, déi europäesch Bildungssystemer ze moderniséieren, fir datt se dem aktuellen an zukünftege gesellschaftlechen a wirtschaftlechen Ëmfeld entspriechen.

mediafins.com