Fir e méi soziaalt Europa

Zu Stroossbuerg huet haut d’Europäesch Parlament mat grousser Majoritéit (386 Stëmmen dofir, 102 dogéint) d’Resolutioun zur „Bekämpfung vun Inegalitéiten als Moyen fir d’Fërderung vun Aarbechtsplaz-Schafung a Wuesstem“ gestëmmt. D’Bekämpfung vun Inegalitéiten ass en Thema wat eis als Sozialisten a Sozial-Demokraten am Europa Parlament ganz speziell um Häerz läit. Mir sinn nämlech fest dovunner iwwerzeegt dat dëst Thema eng nach méi grouss Roll um Europäeschen Niveau spille sollt; nëmmen esou kënne mer den Ecart tëschent deenen di vill, an deenen di wéineg hunn sou kleng wéi méiglech halen]. Fir dëst z’erreeche schléit d’Europäesch Parlament der Kommissioun an de Member Staaten verschidde Piste fir. Beispillsweis, sollen d’Leit di sech a précairen oder ongewéinlechen Aarbechtssituatioun befannen de Réck gestäerkt kréien. De Jonken, zemools deenen di et am schlechtste geet, soll ënnert d’Äerm gegraff ginn duerch eng vergréissert a besser finanzéiert Beschäftegungsinitiative fir Jonk Mënschen, a Jugendgarantie. Et ass awer och wichteg datt eis Sozialsystemer gestäerkt ginn, well dëst si wichteg Sécherheetsnetzer an eise Gesellschaften zu deene jiddwer Persoun Zougrëff sollt hunn. Punkto Aarbechtslosegkeet, rifft d’Parlament d’Kommissioun an d’Member Staaten dozou op iwwert eng méiglech Créatioun vun engem Europäescher Aarbechtslosen Assurance System nozedenken. Sou eng europäesch Assurance géing de System an de verschiddene Memberstaaten ergänzen an als Stabiliséierungsinstrument agéieren.

D’Europäesch Unioun gouf net nëmme gegrënnt fir fir Fridden an Europa ze suergen, se gouf och gegrënnt fir all de Bierger eng besser Zukunft ze bidden. Fir dëst z’erreeche gouf vill um Ekonomesche Plang geschafft. Dat Soziaalt, obwuel ëmmer präsent am Europäesche Projet, konnt leider net oft genuch prioriséiert ginn. Dëst louch definitiv net un engem Mangel u politeschem Courage vun den Europäeschen Institutiounen, mee d’Member Staaten waren a sinn der Meenung dat dës Kompetenz net mat der EU gedeelt sollt ginn. Dowéinst ass fir eis dës Resolutioun e wichtege Schrëtt an di richteg Richtung. De Kampf géint d’Inegalitéit – an dozou gehéiert och de Kampf géint de gender gap – muss eng nach méi wichteg Roll um EU-Niveau spillen. D’EU soll de Leit nämlech net nëmmen d‘Chance bidden an aner Member Staate schaffen ze goen, oder fräi ronderëm ze reesen, neen, d’EU sollt och hier Berger schützen. Dëst ass awer nëmme machbar mat der Ënnerstëtzung vun de Member Staaten. Mir wënschen eis dofir datt si gewëllt sinn hiren Deel dozou bäidroen.

mediafins.com