D’Famill Weber fiert mat engem Auto ouni Chauffeur an d’Vakanz

Episode 3

Den Dag vum Départ: Et geet lass!

« Ech iwwerhuelen dann als éischt d’Steier » seet d’Sara zum Ben an hat denkt sech gläichzäiteg « eng Riedensaart déi an Zukunft vläicht verschwanne wäert ». D’Sara brauch nämlech guer net méi seng Hänn um Steierrad ze hunn, de System iwwerhëllt d’Fueren.

An der Staat herrscht den übleche Moiestraffic. Leider gëtt dat dem autonomen Auto iergendwann ze vill. « System stellt sich in 10 Sekunden ab, bitte Steuer manuell übernehmen » kléngt et aus dem Lautsprecher. D’Sara fält aus alle Wolleken, war hat dach grad dobäi eng SMS un seng Elteren ze schécken.

De Pol rëselt de Kapp. « Nëmmen 10 Sekonne Reaktiounszäit? Dat ass dach vill ze vill knapp berechent! » jäizt hie mat Roserei a Schreck a senger Stëmm. D’Mia versteet net sou richteg wisou säi Papp sech sou opreegt. De Pol erkläert: « Wanns de an engem Auto sëtz, deen déi ganzen Zäite vum selwen alles richteg mécht, dann hëlt deng Opmierksamkeet of. Du vertraus dem Auto. Wanns de dann op ee mol d’Steier iwwerhuele muss, hues de net direkt den Iwwerbléck iwwer d’Situatioun. Dat mënschlecht Gehir brauch e puer Sekonne bis en sech un eng bestëmmte Situatioun ugepasst huet. Dat ka geféierlech ginn, an en Accident verursaachen. »

D’Sara lenkt an:  » Mais insgesamt wäert d’Unzuel vun Accidenter däitlech zréck goen. E Computer reagéiert vill méi séier wéi dat mënschlecht Gehir. Fir mech allefalls sinn 10 Sekonnen eng vernünfteg Berechnung ».

« An wat ass wann den Auto keng 10 Sekonnen Zäit huet fir ze reagéieren, wat soll de System da maachen? » freet de Ben. En aneren interessante Sujet, deen awer méi spéit zur Sprooch komme wäert.

<< Episode 2

mediafins.com