D’Famill Weber fiert mat engem Auto ouni Chauffeur an d’Vakanz

Episode 2

Den Dag virum Depart: Den Auto ouni Chauffeur ass bei der Famill Weber ukomm

Den Expert fir des nei Gefierer erklärt der Famill Weber wat et alles mat dësem Prototyp op sech huet.

Äusserlech ënnerscheed sech dat neit Gefier net immens vun engem normalen Auto: e puer Kamera’en a Sensore méi an en Erkennungssignal, dat drop opmierksam mécht, dass et sech heibäi em en Testauto ouni Chauffeur handelt.

Och banne gesäit den Auto net vill anescht aus. De Ben an d’Mia sinn enttäuscht, si hunn sech scho vill ze vill an der Sciencefiction beweegt, wou een déi viischt Sëtzer ëmdréinen, en Dësch opklappen an zu 4 en Spill spille kann. « Oh mei, dovu si mir nach wäit ewech, fir d’éischt muss mol séchergestallt ginn, dass de Chauffeur net méi a brenzeleche Situatiounen agreifen muss » äntwert hinnen den Expert.

Fir d’Versécherung ass et wichteg, dass eng ganz Rei vu Date während dem Fueren an enger Blackbox gespäichert ginn, fir am Fall vun engem Accident de Responsablen ausfënneg ze maachen, erklärt den Expert. « Aha! Sou wéi bei engem Fliger » ergänzt den Ben ganz houfreg a wëssbegiereg. « Eng ganz Rei vu Daten? Majo dann! » grommelt de Pol. D’Sara verdréint d’Aen an denkt sech säint.

Nodeems all d’Formalitéiten an d’Explikatiounen ofgeschloss sinn, wëll de Pol den Auto pake fir muer de Moie stressfräi lasszefueren. Wéi hien d’Malle vum Auto opmécht, bleift him bal den Otem stoen: d’Malle stécht voller Elektronik. Et ass eng Portioun Organisatiounstalent gefrot fir dat ganzt Gepäck ënnerzebréngen. Eng Erausfuerderung déi de Pol als leidenschaftleche Kniwweler a Bastler gären unhëlt.

Wéi gesäit den Auto ouni Chauffeur aus an wéi fiert et sech domat? Hei e kléngen Abléck:
http://www.stern.de/auto/video/autotests/jack–das-selbstfahrende-auto-von-audi-erstmals-auf-einer-deutschen-autobahn-5957502.html
https://www.youtube.com/watch?v=5QZQtWKFJJM

<< Episode 1          Episode 3 >>

mediafins.com