D’Famill Weber fiert mat engem Auto ouni Chauffeur an d’Vakanz

Waat wär wann…
…den Auto ouni Chauffeur geschwënn Realitéit géing ginn?

Mir schreiwen d’Joer 2022. D’EU-Memberstaten hunn sech de Rot vun der Europäescher Kommissioun a vum EU-Parlament zu Häerz geholl fir sougenannten Test-Beräicher fir Auto’en ouni Chauffeur anzeféieren. Déi nei Technologie soll ënner méiglechst realistesche Konditiounen getest ginn, duerfir huet all EU-Land Stroossen designéiert, op deenen d’Testen vun autonomen Auto’en autoriséiert ass. No zwee Joer intensiven Testfahrten mat Expert’en aus der Automobilbranche, soll den Auto elo vu « Laien » ausprobéiert ginn.

E bekannten däitschen Automobilhirsteller huet e groussen Opruff gemaach fir Probanden ze fannen, déi sech bereet erklären mat engem Auto ouni Chauffeur an d’Vakanz ze fueren. D’Famill Weber aus Lëtzebuerg huet sech gemellt an as een vun den Auserwielten. Iwwer Ouschtere geet et fir si an d’Skivakanz an d’Kitzbüheler Alpen. Wéi eng Virdeeler den autonomen Auto huet an wéi eng technesch an politesch Hürden nach ze iwwerwanne sinn, léieren si während hirer Rees kennen.

Episode 1

Den Dag virum Départ: D’Famill Weber stellt sech vir

Bei der Famill Weber, de Pol, 43 (Papp), d’Sara, 42 (Mamm), de Ben, 12 (Bouf) an d’Mia, 10 (Duechter) herrscht grouss Opreegung um Dag virum Départ. Ongedëlleg warden si op hieren Testauto, deen drop an drun as fir bei hinnen anzetreffen.

Virun allem d’Sara, en regelrechten Technikfreak, kann et net erwaarden dat neit « Fuergefill » kennenzeléieren. Och wann et sech einstweilen nëmmen em en Testauto handelt, ass d’Sara elo schonn dovun iwerzeecht, dass den autonomen Auto den Auto vun der Zukunft ass.

Och de Ben an d’Mia freeën sech op déi nei Erfahrung. Sie fannen et super iwwerall an zu aller Zäit mat hiren Frënn iwwer Internet an Verbindung ze stoen oder déi neisten Serie’en ze streamen.

De Pol, par contre, kuckt deem ganzen mat gewësser Skepsis entgéint. Hien kann sech net vu sengem Oldtimer trennen. Ze gär bastelt hien a senger Fräizäit un senger aler 2CV. En plus, bedeit fir hien dat manuellt Fueren e gewëssent Stéck Fräiheet.

>> Episode 2

mediafins.com