Market Economy Status fir China

D’EU-Parlament huet haut matt enger grousser Majoritéit Positioun zu der Diskussioun iwwer de sougenannten « Market Economy Status » (MES)* fir China bezunn. Mir hu kloer gemaach, dass mir net kënnen zouloossen, dass wéinst onfairer Konkurrenz déi China a verschiddene Secteure bedreift, honnertdausende Mënschen an Europa hier Aarbecht verléieren. Mir gesinn elo schonn d’Konsequenzen zum Beispill an deem fir Lëtzebuerg wichtege Stolsecteur, wou China vill ze vill an vill ze bëllege Stol produzéiert an da bei eis exportéiert.

Am Moment hu mir an der Welthandelorganisatioun nach d’Méiglechkeet fir bei chineseschen Dumping-Präisser Strofen ze verlaangen déi méi héich sin well de chinesesche Staat seng Firme subventionéiert. Mee et ass onkloer, wat nom 11.Dezember geschitt. Dann ass China nämlech 15 Joer an der Welthandelorganisatioun. Dat heescht, dass Deeler vun deem Artikel vum Bäitrëttsofkommen, dee bestëmmt dass d’Land kee MES huet, automatesch opgehuewe ginn.

D’chinesesch Regierung interpretéiert den Text esou, dass China doduerch och automatesch als « Market Economy » gëllt. Mir am Parlament sinn do awer anerer Meenung a sinn iwwerzeegt, dass dëst keen automatesche Prozess ass an dass China op kee Fall kann de MES kréie wann et d’Critèrë vun der EU dozou net erfëllt.

Et freet mech besonnesch, dass mir Europadeputéiert eis esou schnell zu dësem wichtegen Thema geäussert hunn a mir fuerderen dofir de Conseil op, eis Resolutioun a senger Positioun ze beuechten! Mir fuerderen och vum Conseil dass hie schnell mam Parlament zesummen déi europäesch Instrumenter moderniséiert, déi eisen Handel um Weltmarché besser schützen.

(*) »Market Economy Status » (MES) as en Fachbegrëff deen am Kader vun Antidumpingënnersichungen gebraucht get

 

mediafins.com